3 questions à Claude Robinet, futur chef d’Etat-Major de l’Armée Luxembourgeoise

De Lieutenant-Colonel Claude Robinet gouf zum zukünftege Generol an zum Chef vun der Lëtzebuerger Arméi ernannt. Hien ass aktuell als militäresche Vertrieder vu Lëtzebuerg bei der NATO an als Chef vum Departement „Transformatioun“ vun der Arméi täteg. Hie wäert seng nei Funktioun am Oktober 2026 iwwerhuelen.

Le Lieutenant-Colonel Claude Robinet a été désigné comme futur chef d’Etat-Major de l’Armée Luxembourgeoise. Il est actuellement le représentant militaire luxembourgeois auprès de l’OTAN et il est chef du département « transformation » de l’Armée. Il occupera son nouveau poste à partir d’octobre 2026.

Photo : Armée Luxembourgeoise.

ALETHEIA : Virwat hudd der iech fir eng Karriär an der Lëtzebuerger Arméi entscheed? Ass et e Beruff, deen der jonke Leit haut nach géift recommandéieren ?

CLAUDE ROBINET : Ech mengen, de Grondsteen dofir war scho laang geluecht, éier ech mir dat sel wer bewosst gi sinn. Ech war laang bei de Scouten an hunn dat gär gemaach – d’Rallyen, d’Campen an d’Erfarungen, Deel vun enger Grupp ze sinn an zesummen ze handelen. Wann ech zeréckkucken, hunn déi Aktivitéite Wäerter vermëttelt, déi och am Militärliewen zentral sinn: Kameradschaft an Teamgeescht. Den entscheedende Moment koum bei enger Informatiounsversammlung iwwer d’Offizéierskarriär am Lycée. Do hunn ech entdeckt, wéi eng Méiglechkeeten de Beruff ubitt: stänneg Erausfuerderungen, wiesselnd Rollen a Verantwortung all dräi bis fënnef Joer, Asätz bei nationalen an internationalen Institutioune wéi der EU oder der NATO, an och Missiounen am Ausland. Dat huet mech wierklech ugesprach, well dat Lescht, wat ech wollt, war 30 Joer laang am selwechte Büro ze sëtzen an ëmmer dat selwecht ze maachen. Mee eréischt um Dag vum Opnamconcours fir Offizéier ze ginn ass de Funken definitiv iwwergesprong. Ech war vun der Professionalitéit an der Haltung vum Militärpersonal, dat d’Kandidaten wärend den Tester betreit huet beandrockt. Et louch eppes an hirem Optrieden – hir Eescht an hir Disziplin, mee och eng gewëssen Ausstralung vun Autoritéit–, wat mech déif beandrockt huet an de Wonsch a mir erwächt huet, Deel vun der Arméi ze ginn.
Géif ech dat jonke Leit haut recommandéieren ? Op jidde Fall – mee virun allem deenen, déi sech mat dëse Wäerter identifizéieren: Erausfuerderung, Déngscht an Teamgeescht. Mäi Rot: fängt mat enger Informatiounsversammlung un. Genee wéi bei mir kéint et sinn, datt iech dat direkt usprécht.

ALETHEIA : 2005 gouft Dir an Afghanistan geschéckt, wärend d’Land am Krich war an déi international Gemeinschaft Offensiven géint d’Taliban gefouert huet. Kënnt Dir eis soen, wéi esou en Asaz fir lëtzebuergesch Truppen ausgesäit, besonnesch a Krichszäiten?

CLAUDE ROBINET : 2005 huet Lëtzebuerg un der ISAF-Missioun – der International Security Assistance Force – ënner NATO-Kommando deelgeholl. Eise Kontingent war um Fluchhafe vu Kabul stationéiert, engem strategesche Knuetpunkt fir déi ganz Operatioun.
De lëtzebuergesche Bäitrag huet de Schutz vun de Kräften um Fluchhafe vu Kabul ëmfaasst; dëst gouf zesumme mat aneren Natiounen, besonnesch der Belsch, duerchgefouert. Virun Ort haten d’Bewaache vum Site, de Schutz vum Fluchhafebetrib an d’Kontroll vun den Zougäng e konkreten an direkten Afloss op d’Sécherheet vum Fluchhafen. All Zaldotin an Zaldot, all erfëllte Missioun an all ausgeféiert Aufgab hunn zu engem reibungslosen Oflaf vum Ganze bäigedroen. An enger internationaler Koalitioun zielt d’Zouverlässegkeet vun all eenzelem Glied, onofhängeg vu senger Gréisst. Natierlech war eng strikt Asazbereetschaft – déi souwuel en takteschen an techneschen Oflaf wéi och déi mental Virbereedung virum Depart mat abezunn huet – vun allerhéchster Wichtegkeet. Eis Zaldotinen an Zaldoten ware bereet a professionell, an hunn d’Erwaardunge vun eisen Alliéierten voll a ganz erfëllt. En Asaz an enger Konfliktzon ass och eng intensiv mënschlech Erfarung. Et lieft an operéiert een an engem Ëmfeld, an deem d’Gefor reell ass, an all Entscheedung Gewiicht huet. Et prägt déi betraffe Frauen a Männer, et schweisst Teams zesummen – an et gëtt deem, wat een an der Virbereedung op den Asaz geléiert huet, eng konkret Bedeitung. Fir Lëtzebuerg war et och e staarkt Signal un déi international Gemeinschaft: Mir huelen eis Verantwortung wahr, mir sinn zouverlässeg Alliéierter a mir zécken net, wann d’Situatioun et erfuerdert.

ALETHEIA : Am Oktober gitt Dir zum Generol an zum Chef vun der Lëtzebuerger Arméi ernannt. Wéi eng Ziler hutt Dir Iech fir dës prestigiéis Positioun gesat? A wéi wäert Lëtzebuerg (weiderhin) zur europäescher Verteidegung bäidroe kënnen?

CLAUDE ROBINET : Grondsätzlech konzentréiere sech meng Prioritéiten op ee Schlësselzil: d’Transformatioun vun der Lëtzebuerger Arméi duerch d’Operationaliséierung vun eise militäresche Fäegkeeten a véier Beräicher – Land, Loft, Cyber ​​a Weltraum.
Dës Transformatioun ka net ouni zwee wesentlech Elementer geschéien: Personal an Technologie. D’Zil ass et, d’Profiler an d’Karriärweeër ze diversifizéieren, fir eng Arméi ze schafen, déi a verschiddene Beräicher operéiert a souwuel militärescht wéi och zivilt Personal ëmfaasst. D’Moderniséierung vun der Arméi erfuerdert och d’Aféierung vun neien Technologien an d’Ëmsetzung vun enger operationeller an administrativer Digitaliséierung, fir kompetitiv ze bleiwen. Eng Transformatioun, déi e Wuesstum vum Personal an eng Diversifizéierung vun den Aktivitéite mat sech bréngt, kann nëmmen da geléngen, wann d’Personal vun der Arméi sech op organisatoreschem, berufflechem a perséinlechem Niveau mat dëser Entwécklung identifizéiert.

Wat de Bäitrag vu Lëtzebuerg zur europäescher Verteidegung ugeet – deen ass konkret an evident, an ech mengen, mir kënnen houfreg dorop sinn. Fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen: Mir bedeelegen eis um Airbus A330 MRTT-Programm (Multi-Role Tanker Transport), deen d’Méiglegkeet ubitt, Fligeren an der Loft ze tanken, Transportaufgaben ze iwwerhuelen an medezinesch Evakuéierungen duerchzeféieren. Déi binational belsch-lëtzebuergesch A400M-Eenheet ass e weidere wichtege Bestanddeel vun eise Loftkapazitéiten, fir Personal an Ausrüstung ze verleeën. Schlussendlech schaffe mer zesumme mat der Belsch un der Opstellung an dem Betrib vun engem binationale Batailloun fir Opklärung am Kampfasaz – e konkrete Beweis fir déi europäesch militäresch Integratioun. Eis Truppe bedeelegen sech un zwou multinationalen NATO-Brigaden (Forward Land Forces) a Litauen an a Rumänien; mir droen zur militärescher Ënnerstëtzungsmissioun vun der EU fir d’Ukrain bäi; a mir stelle Satellittekommunikatiounsfäegkeete fir EU- an NATO-Missiounen zur Verfügung. Dat alles weist, datt Lëtzebuerg e konkreten, zouverlässegen an engagéierte Partner an der kollektiver Verteidegung ass. Meng Ambitioun ass et, dëse Bäitrag weider ze stäerken an dofir ze suergen, datt d’Arméi hiren aktuellen an zukünftegen Erausfuerderungen entsprieche kann.

Traduction française :

ALETHEIA : Qu’est-ce qui vous a donné envie de vous engager dans le domaine militaire? Est-ce que c’est une carrière que vous recommanderiez aux jeunes d’aujourd’hui?

CLAUDE ROBINET : Honnêtement, je pense que les bases étaient là bien avant que je ne le réalise moi-même. J’étais scout depuis longtemps et j’adorais ça : les rallyes, les camps, vivre et agir en groupe. En y repensant aujourd’hui, ce sont des hobbies avec des valeurs également présentes dans le monde militaire : la camaraderie et l’esprit d’équipe. Le déclic s’est fait lors d’une journée d’information sur la carrière d’officier de l’Armée au lycée. C’est là que j’ai découvert les opportunités que ce métier présente, les défis constants, les changements de poste et de responsabilités tous les 3 à 5 ans, détachements auprès d’institutions nationales et internationales, comme l’UE ou l’OTAN et les missions à l’étranger. C’était à mon goût car je ne voulais surtout pas passer 30 ans dans un même bureau à faire la même chose. Mais c’est vraiment le jour de l’examen-concours pour officier que tout s’est confirmé. J’ai été frappé par le professionnalisme et l’attitude des militaires encadrant les participants lors des épreuves. Il y avait quelque chose dans leur manière d’être – le sérieux, la rigueur, mais aussi une certaine prestance – qui m’a profondément impressionné et qui m’a donné envie d’appartenir à l’Armée. Est-ce que je la recommande aux jeunes aujourd’hui ? Absolument mais surtout à ceux qui se reconnaissent dans ces valeurs : le défi, le service et l’esprit d’équipe. Mon conseil : commencez par une journée d’information. Comme moi, vous pourriez vous y reconnaître.

ALETHEIA : En 2005, vous êtes déployé en Afghanistan alors que le pays est en état de guerre avec les offensives de la communauté internationale contre les talibans. Est-ce que vous pouvez nous dire à quoi ressemble un tel déploiement pour des troupes luxembourgeoises, notamment en temps de guerre ?

CLAUDE ROBINET : En 2005, le Luxembourg participait à la mission ISAF – la Force internationale d’assistance à la sécurité – placée sous commandement de l’OTAN. Notre contingent était déployé à l’aéroport de Kaboul, un nœud stratégique pour toute l’opération. La contribution luxembourgeoise consistait à la protection de la force déployée à l’aéroport de Kaboul ensemble avec d’autres nations, notamment la Belgique. Sur le terrain, la garde du compound, la protection des activités aéroportuaires et le contrôle des accès avaient un impact concret et tangible sur la sécurité de l’aéroport. Chaque soldate et soldat, chaque mission accomplie, chaque tâche assurée contribuait au bon fonctionnement de l’ensemble. Dans une coalition internationale, la fiabilité de chaque maillon compte, quelle que soit sa taille. Il va de soi qu’une mise en condition opérationnelle rigoureuse, aussi bien au niveau des procédures tactiques et techniques qu’au niveau mental avant le départ était primordiale. Nos soldates et soldats étaient prêts, professionnels, et à la hauteur des attentes de nos alliés. Un déploiement en zone de conflit, c’est aussi une expérience humaine intense. On vit et on opère dans un environnement où le danger est réel, où chaque décision a du poids. Ça forge les hommes et les femmes, ça forge les équipes – et ça donne une dimension concrète à tout ce qu’on a appris durant la préparation avant le déploiement. Pour le Luxembourg, c’était aussi un signal fort adressé à la communauté internationale : nous assumons nos responsabilités, nous sommes des alliés fiables, et nous ne nous dérobons pas quand la situation l’exige.

ALETHEIA : En octobre, vous serez nommé Général, Chef d’Etat-Major de l’Armée. Quels objectifs vous fixez-vous pour ce poste prestigieux ? Et comment est-ce que le Luxembourg pourra continuer à contribuer à la défense européenne ?

CLAUDE ROBINET : Sur le fond, mes priorités s’articulent autour d’un objectif central, la transformation de l’Armée luxembourgeoise par l’opérationnalisation de nos capacités militaires dans les quatre domaines que sont le terrestre, l’aérien, le cyber et l’espace. Cette transformation ne peut se faire sans deux éléments essentiels : le personnel et la technologie. L’objectif est de diversifier les profils et parcours de carrière pour une armée multi-domaine, aussi bien pour le personnel militaire que civil. La modernisation de l’Armée nécessite également l’adoption de nouvelles technologies, la digitalisation opérationnelle et administrative pour maintenir un avantage compétitif. Une transformation avec une croissance en termes d’effectifs et une diversification des activités ne peut réussir que par un alignement culturel du personnel de l’Armée au niveau organisationnel, professionnel et personnel.

Quant à la contribution du Luxembourg à la défense européenne, elle est réelle, concrète, et je crois que nous pouvons en être fiers. Pour ne citer que quelques exemples : nous participons au programme Airbus A330 MRTT – Multi Role Tanker Transport, qui assure le ravitaillement en vol, le transport et l’évacuation médicale. L’unité binationale belgo-luxembourgeoise A400M forme un autre vecteur aérien de projection de personnel et de matériel essentiel. Enfin nous travaillons sur la mise en œuvre et l’exploitation d’un bataillon de reconnaissance de combat binational avec la Belgique, qui illustre concrètement l’intégration militaire européenne. Nos militaires participent à deux brigades multinationales des Forward Land Forces de l’OTAN en Lituanie et en Roumanie, nous contribuons à la mission d’assistance militaire de l’Union européenne en soutien à l’Ukraine en Allemagne, nous mettons à disposition des capacités de communication via satellite à des missions de l’UE ou de l’OTAN. Tout cela démontre que le Luxembourg est un contributeur concret, fiable et engagé dans la défense collective. Mon ambition est de renforcer encore cette contribution, et de faire en sorte que l’Armée soit à la hauteur des défis actuels et futurs.